Diese Seite gibt es auch auf Deutsch.

Auf Deutsch anzeigen

Cette page existe aussi en Français.

Afficher en Français

This page is also available in English.

Show in English

Esta página também está disponível em Português.

Mostrar em Português

Hëllefszenter

Hëllef & FAQ

Séier Äntwerte fannen.

Alles, wat Dir wësse musst – fir Déierenhalter a fir Betriber.

E Betrib fannen, buchen a wat mat Ären Donnéeë geschitt.

All Themen

E Betrib fannen

6 Froen

Wéi fannen ech e Betrib no bei mir?

Gitt eng Uertschaft oder eng Postleitzuel an, oder tippt op „No bei mir" an erlaabt den Zougrëff op Äre Standuert. Dir kënnt d’Resultater no Déierenaart, Sprooch vum Team, Regioun a Spezialitéit aschränken a gläichzäiteg alles op der Kaart gesinn.

Brauch ech e Kont fir d’Sich?

Nee. Sichen, Profiller liesen an e Betrib uruffe funktionéiert alles ouni Umeldung. E Kont gëtt eréischt nëtzlech, wann Dir den Iwwerbléck iwwer Är Terminer behale wëllt oder engem schreiwe wëllt.

Wéi ginn d’Resultater zortéiert?

Wann Dir am Ëmkrees vun engem Uert sicht, steet den nooste Betrib vir — den Tarif, deen e Betrib bezilt, ännert doran näischt. Wann Dir Wierder an d’Sichfeld tippt, engen se d’Lëscht an, a wat iwwreg bleift, steet no Nimm zortéiert; näischt gëtt no deem geuerdent, wéi gutt et passt. An der gewéinlecher Verzeechneslëscht stinn Betriber mat bezuelten Tarif iwwer gratis Andréi, a bannent all Grupp gëtt d’Reiefolleg all Dag nei gemëscht, fir datt net ëmmer dee selwechte Betrib uewe steet. Getrennt ausgezeechent bezuelte Plazéierunge stinn ganz ausserhalb vun dëser Lëscht. Ausgeschriwwe steet dat alles op eiser Ranking-Säit.

Wie dierf eng Bewäertung schreiwen, a wat geschitt domat?

Nëmmen en ageloggte Client mat engem Rendez-vous bei deem Betrib, deen als ofgeschloss agedroe ass. De Rendez-vous gëtt um Server zougeuerdent, ni aus dem Browser iwwerholl. All Bewäertung gëtt vun engem Mënsch gelies, ier se erschéngt, eng Oflehnung brauch e Grond aus enger verëffentlechter Lëscht, a wien se geschriwwen huet, erfiert wéi ee. De Betrib dierf ëffentlech äntweren, awer näischt verstoppen, läschen oder ëmsortéieren.

Kann ech a menger eegener Sprooch sichen?

D’Säit gëtt et op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch, an Dir kënnt no Betriber filteren, wou den Team Är Sprooch schwätzt.

Wat bedeiten d'Kennzeechen op engem Profil?

Dat sinn Uginn, déi e Betrib selwer ukräizt: wat en huet, wat en ubitt, ob e bei Iech kënnt. Wien e Profil däerf änneren, prüfe mir wuel — entweder iwwer eng E-Mail-Adress op der eegener Domain vum Betrib oder iwwer en Nowäis, deen mir mat der Hand liesen. Déi eenzel Kennzeeche prüfe mir awer net. Liest se also als dat, wat de Betrib iwwer sech seet, net als eppes, wat mir bestätegt hunn.

Am Noutfall zielt dat am meeschten: Sicht Iech keng Praxis aus, well op hirem Profil „24-Stonnen-Service“ steet. Wien haut d'Nuecht tatsächlech Déngscht huet, steet am verëffentlechten Noutdéngschtplang — dat ass déi Auskonft, op déi Dir Iech verloosse kënnt.

Buchung & Terminer

8 Froen

Wéi buche ech en Termin?

Maacht de Profil vun engem Betrib op, wielt eng Leeschtung an e fräien Termin a gitt Är Donnéeën an. Dir kritt eng Bestätegung mat enger Kalennerdatei, déi Dir an Ären eegene Kalenner kënnt bäifügen.

Kann ech ouni Kont buchen?

Jo, d’Buchung funktionéiert als Gaascht. Mat engem gratis Kont behaalt Dir den Iwwerbléck iwwer Är Terminer a kënnt se selwer annuléieren.

Wéi annuléieren oder verleeën ech en Termin?

Notzt de Link an Ärer Bestätegung, oder annuléiert an Ärem Kont ënner „Meng Terminer". Annuléiert w.e.g. sou fréi wéi méiglech — den Termin geet dann zréck un een aneren, deen en néideg huet.

Firwat weist e Betrib „keng Online-Terminer"?

Net all Betrib bucht online. Wou e Betrib eis eng Telefonsnummer ginn huet, steet se a sengem Profil — rufft do w.e.g. direkt un. Bei de meeschte vun eise Basisandroten hu mir nach keng; de Profil seet dat, an Dir kënnt eis d’Nummer schécken, wann Dir se kennt.

Mäin Déier brauch elo direkt Hëllef. Wat maachen ech?

Buch net online. Rufft direkt un. De Gardedéngscht leeft als 24-Stonnen-Déngscht vun 08:00 Auer bis 08:00 Auer de nächste Moien; den Déierendokter vun der Garde erreecht Dir iwwer den 112 oder iwwer Post Infotel um 26 77 12 34, a wien Déngscht huet, verëffentlecht de Collège Vétérinaire. Rufft un, ier Dir lassfuert, well den Dokter vun der Garde villäicht nach net an der Praxis ass. Wann Dir bei der Buchung eppes beschreift, wat no engem Noutfall kléngt, da soe mir dat a weisen Iech dat hei, amplaz den Termin unzehuelen.

Wat ass en Akkont a wéini gëtt e verlaangt?

En Akont iwwer dës Säit ass de Moment net méiglech. Wann e Betrib een verlaangt, regelt hien dat direkt mat Iech.

Wéi buchen ech en Openthalt vu méintägeger Dauer?

Eng Pensioun gëtt net no Auerzäit gebucht. Dir wielt eng Plaz, en Undag an en Ofhuel-Dag; de Präis besteet aus den Nuechten dertëschent. Den Ofhuel-Dag ass keng Nuecht — dofir kaschte véier Deeg Ofwiesenheet dräi. Zwee Déieren, déi sech eng Plaz deelen, zielen eemol, net zweemol. En Openthalt ka bis zu 60 Nuechten daueren a bis zu engem Joer am Viraus gebucht ginn; alles doriwwer ass e Gespréich mam Betrib, kee Formulaire.

Kann ech eng Verlängerung vum Rezept oder Diätfudder ouni Termin ufroen?

Wann Är Praxis dat ubitt, jo — Dir frot un, d'Praxis entscheet. Är Ufro kënnt an hir Lëscht, an Dir kritt eng Mail, soubal se ugeholl, refuséiert oder fir d'Ofhuelen prett ass.

Zwou Saachen ass et net: Op dëser Plattform gëtt näischt verkaaft an näischt erausginn, an et ass kee Wee bei eng Praxis, bei där Dir ni waart. Ufroe kënnt Dir nëmme bei enger Praxis, bei där Dir en Termin haart — ob eng Widderhuelung fir Äert Déier richteg ass, kann nëmmen deen entscheeden, deen et kennt.

Äre Kont an Är Donnéeën

5 Froen

Wat weess d’Plattform iwwer mäin Déier?

Wat Dir bei der Buchung agitt: d’Déier, de Grond fir de Besuch an Är Kontaktdaten. Déi medezinesch Dossiere bleiwe bei Ärer Praxis — si sinn net op dëser Plattform a mir kënne se net gesinn.

Kann ech meng Donnéeë kréien oder se läsche loossen?

Jo. Béides steet an Ärem Kont ënner „Dateschutz": ee Knäppche exportéiert alles, wat mir iwwer Iech gespäichert hunn, en anert freet d’Läsche vun Ärem Kont un — mir erleedegen dat bannent 30 Deeg. Buchungen, déi e Betrib nach fir seng eegen Dossiere brauch, bleiwe bei deem Betrib.

Kann ech hei engem Betrib schreiwen?

Wann de Betrib Noriichten ageschalt huet an Dir do schonn en Termin hat, jo. Soss notzt d’Telefonsnummer a sengem Profil, wann eng hannerluecht ass. Notzt d’Noriichte w.e.g. net fir dringend Fäll.

Kann ech eng Bewäertung ofginn?

Nëmmen no engem Termin, deen Dir tatsächlech hat, an all Bewäertung gëtt gelies, ier se erschéngt. Dat ass méi lues wéi direkt verëffentlechen, an et ass de Grond, firwat d’Bewäertungen hei eppes bedeiten.

Kréien ech eng Erënnerung, wann eng Impfung fälleg ass?

Nëmme wann Dir drëm gefrot hutt. Wann Är Praxis d'Fälligkeete vun Ärem Déier fiert, schreiwe mir Iech ongeféier zwou Woche virdrun — a just deenen, déi domat averstane sinn, kontaktéiert ze ginn. Dir kënnt dat zu all Moment an Ärem Kont zréckzéien, dann héieren d'Erënnerungen op.

Eng Erënnerung seet, datt eppes usteet. Si ass kee gebuchten Termin — d'Zäit wielt weiderhin Dir.

Ären Entrée, Online-Buchung, Tariffer a wat et kascht.

All Themen

Éischt Schrëtt

7 Froen

Mäi Betrib steet schonn am Verzeechnes. Wien huet en agedroen?

Basis-Entréeë kommen aus ëffentlech zougängleche Geschäftsinformatiounen, fir datt Déierenhalter Iech iwwerhaapt fannen. Iwwerhuelt Ären Entrée, da bestëmmt Dir, wat dra steet — oder frot eis, en ewechzehuelen.

Wéi iwwerhuelen ech mäi Betrib?

Maacht Äre Profil op a wielt „Dat ass mäi Betrib". Mat enger E-Mail-Adress vun Ärer Betribs-Domain geschitt d’Bestätegung direkt; soss luet en Eegentumsnoweis erop, dee mir manuell préiwen.

Wat kascht de Start?

Näischt. All Betrib kritt 14 Deeg Gold — all Funktiounen, gratis, ouni Kaart, gezéilt vum éischten Openzen vun der Konsol un. Duerno behaalt Dir den Tarif, deen Dir gewielt hutt, och de gratis Tarif.

Muss ech Online-Buchungen unhuelen?

Nee. Vill Betriber wëllen nëmmen e gudden Entrée mat Ëffnungszäiten a Kontaktdaten. D’Online-Buchung ass eng Tarif-Funktioun, déi Dir aschalt, wann Dir se wëllt.

Ech si keng Déierendokterpraxis. Passt dat och fir e Salon, eng Pensioun, en Déierensitter oder e Spadséierdéngscht?

Jo. Androen, Ëffnungszäiten, fonnt ginn a gebucht gi funktionéiere fir all gläich.

Ënnerschiddlech ass, wat engem Métier zougemutt gëtt. Nëmmen Déierendokterpraxisse kréien d'Noutfallfroen, den Hiweis op den Noutdéngscht, d'Verlängerung vu Rezepter an d'Impferënnerungen — well nëmme si doropper äntwere kënnen, an e Salon géif domat e Versprieche droen, dat keen ofginn huet. Eng Pensioun kritt Plazen an Datumer amplaz vun engem Terminraster. Salon, Déierensitter a Spadséierdéngscht ginn no Termin gebucht, wéi all déi aner.

Ech wëll dat privat niewebäi maachen — spadséiere goen, Déieren hidden. Kann ech mech androen?

Dir kënnt Iech ëm en Androe bewerben. De Formulaire leet en Androe un, deen nach kee gesäit; mir bestätegen Är E-Mail-Adress, an ee liest en, ier en online geet.

Agedroe ze sinn heescht net, et ze dierfen. Ob Dir eng Leeschtung ubidde dierft, an ënner wéi enge Konditiounen, ergëtt sech aus Reegelen, déi mir weder geschriwwen hunn nach prüfen — mir verlaangen keng Autorisatioun vun Iech, an en Androe hei ass kee Beweis dofir, datt Dir eng hutt. Wéi eng Reegelen dat sinn, liest Dir besser, ier Dir ufänkt.

Muss ech dat versteieren, wat ech domat verdéngen, a mech iergendwou umellen?

Dat hänkt un engem Wuert: geleeëntlech. Akommes aus geleeëntleche Leeschtunge bleift ënner 500 Euro netto am Joer steierfräi. Souwéi d'Aktivitéit reegelméisseg gëtt, ass se eng gewerblech, an dës Grenz gëllt guer net méi — egal wéi kleng de Betrag ass.

D'Sozialversécherung ass eng eege Fro mat enger eegener Äntwert: Ënner engem Drëttel vum sozialen Mindestloun ass eng Dispens méiglech, mee Dir musst se ufroen — a vun engem Beitrag dispenséiert ze sinn heescht, géint dëst Risiko net verséchert ze sinn. Beroden dierfe mir Iech doriwwer net. Den Artikel hei drënner seet, wéi eng véier Verwaltunge wat entscheeden, fir datt Dir déi richteg frot.

Äre Kalenner

5 Froen

Muss ech zwee Kalenner parallel fleegen?

Dir leet Är Ëffnungszäiten an Är Leeschtungen eemol fest, an d’Verfügbarkeet gëtt doraus zesumme mat Ären existéierenden Terminer berechent. Dir kënnt och en Zäitraum spären — fir de Congé, oder fir eppes anzedroen, wat iwwer Telefon ofgemaach gouf.

Kënnen zwee Leit de selwechten Termin buchen?

Nee. Eng Buchung gëtt an enger Datebank-Transaktioun geschriwwen, déi den Termin blockéiert. Déi zweet Ufro gëtt dofir refuséiert, an amplaz ginn déi nächst fräi Zäiten ugebueden.

Ech verlounen Plazen iwwer Nuecht. Wéi zielt de Kalenner se?

No Plaz an no Nuecht, net no Termin. All Plaz huet eng Kapazitéit, an en Openthalt beluecht se fir all Nuecht vun der Untrëtt bis zum Ofhuel-Dag — dëse ausgeholl. Zwee Openthalter kënne sech un deem Dag also begéinen, ouni ze kollidéieren; sou gëtt eng Plaz an enger Woch zweemol vergi, ouni jeemools iwwerbucht ze sinn.

Zwee Déieren op enger Plaz zielen eemol. Si fir eng Nuecht all Plazen belount, sinn dës Nuechte vun eleng net méi buchbar — Dir musst se net mat der Hand zoumaachen.

Kann ech meng Terminer a menger eegener Kalenner-App gesinn?

Jo, iwwer e privaten Abo-Link — fir de ganze Betrib oder pro Teammember. De Link ass nëmme fir ze liesen: eng Ännerung an Ärer Kalenner-App ännert d’Buchung net.

Ersetzt dat d’Software, mat där ech mäi Betrib scho féieren?

Nee, an dat ass och net d’Zil. Hei geet et dorëm, wéi d’Clienten Iech fannen a bei Iech buchen. Dossieren, Rechnungen a Stock bleiwen, wou se sinn.

Tariffer an Ofrechnung

4 Froen

Sinn d’Präisser netto oder brutto?

D’Präisser sinn netto; d’MwSt. kënnt op d’Rechnung. Als Betrib kënnt Dir se meeschtens als Virsteier zréckkréien. Ënner all Präis steet och de Betrag mat 17 % Lëtzebuerger MwSt. – esou vill kascht den Tarif, wann Äre Betrib net MwSt.-flichteg ass.

Kann ech zu all Moment kënnegen?

Jo, all Mount. Ären Entrée bleift — Dir sidd duerno um gratis Tarif a behaalt de Profil, d’Ëffnungszäiten an d’Kontaktdaten.

Wat geschitt, wann d’Testphas ofleeft?

Et gëtt näischt gelëscht an näischt ofgerechent. Äre Betrib ass duerno einfach erëm um Tarif, deen Dir hutt. Soulaang d’Testphas leeft, weist Iech d’Konsole genau, wéi eng Funktiounen Dir notzt, déi net zu Ärem eegenen Tarif gehéieren.

Kann ech per Iwwerweisung bezuelen?

Jo. Et geet mat Kaart a mat Iwwerweisung; bei enger Iwwerweisung aktivéiere mir den Tarif, soubal d’Bezuelung ukomm ass.

Visibilitéit a Fairness

5 Froen

Bréngt mech e méi héijen Tarif an de Resultater no uewen?

Dat sinn zwou verschidde Saachen. Ären Tarif gewiicht déi gewéinlech Verzeechneslëscht: Bezuelten Tarifer stinn iwwer gratis Andréi, wouby d’Reiefolleg bannent all Stuf weider all Dag rotéiert. Eng Ëmkreessich geet no Distanz, egal wat Dir bezilt, an eng Sich no getippte Wierder filtert d’Lëscht an ordnet dann no Nimm — eng Relevanzbewäertung gëtt et néierens. Eng bezuelte Plazéierung ass dat anert — eng zousätzlech, kloer ausgezeechent Plaz iwwer de Resultater, déi déi gewéinlech Lëscht onberéiert léisst an nëmme bei Siche erschéngt, zu deenen Äre Betrib tatsächlech passt.

Kann ech eng schlecht Bewäertung ewechhuele loossen?

Net well se schlecht ass. Dir kënnt ëffentlech äntweren, an Dir kënnt se mellen — eng Meldung leet se engem Mënsch vir, se verstoppt se net. Eng Bewäertung gëtt nëmmen aus engem vun de verëffentlechte Grënn ewechgeholl, zum Beispill eng falsch Tatsaachebehaaptung, eng Beleidegung oder kee Rendez-vous dohannert. Bewäertungen iwwer den eegene Betrib kënnt Dir weder moderéieren nach verstoppen oder ëmsortéieren, a weder hir Reiefolleg nach hir Siichtbarkeet hänkt vun Ärem Tarif of.

Wiem gehéieren d’Donnéeën, déi ech aginn?

Iech. Är Buchunge kënnt Dir zu all Moment als CSV exportéieren, a wann Dir Äre Kont zoumaacht, geet Ären Androe mat.

Kann ech verhënneren, datt Clientë mech hei uschreiwen?

Jo, an den Astellungen. Gespréicher, déi Dir schonn hutt, bleiwe liesbar, a wien Dir ugeschriwwen hutt, dierf weider äntweren, sou datt kee matzen am Gespréich hänke bleift. Nei Clientë gesinn amplaz Är Telefonsnummer.

Wat kréien ech, wann ech e Kolleeg empfeelen?

Wann e Betrib, deen Dir invitéiert hutt, e Client gëtt, dee bezilt, kritt Dir e Gratismount. D’Invitatioun schéckt Dir selwer, aus Ärer eegener Mailbox — mir schreiwen an Ärem Numm keen un.